maach
mat !

Kanner gi scho ganz fréi an hirer Entwécklung mat geschlechterspezifesche Stereotyppe konfrontéiert. Déi Stereotyppe beaflossen de Kanner hir Denkmusteren an hiert Selbstbild, nach iert si selwer am Stand sinn, ze reflektéieren, wat friem Erwaardunge sinn a wat si fir sech selwer wëllen. D’Educatioun spillt eng wichteg Roll, wann et dorëms geet, Kanner e breede Choix ze vermëttelen, wou et ëm hir Virstellunge vun hirer Zukunft geet, fir wat fir eng Beruffer si sech intresséieren, a wéi enge Beräicher si Ambitiounen hunn, wat si gär hunn asw. Och wéi wäit Kanner bereet sinn, sech Normen unzepassen oder emol ze riskéieren, sech net un Normen ze halen, ka vu verënnerlechte Stereotyppen ofhänken – sief et am Hibléck op d’Geschlecht oder am Hibléck op sozial Zougehéieregkeeten.

Du wëlls eis dobäi hëllefen, Klischeeën aus dem Wee ze raumen an de Kanner den Horizont vun hirer spéiderer Aarbechtswelt esou wäit wéi méiglech opzemaachen?

Mell deng Klass un, fir beim EQUALL-Projet mat ze maachen.

De Projet Equall wëllt de Kanner e méiglechst breede Spektrum vu Méiglechkeeten an der Aarbechtswelt vermëttelen, an engem Alter, wou si ufänken, éischt Ambitiounen a Virstellunge vun deem ze entwéckelen, wat si spéider am Liewen emol wëlle maachen. Equall wëllt iwwert de Wee vun der Reflexioun an dem Gespréich de Kanner hëllefen, mat geschlechtsspezifesche Stereotyppen a virgefaassten Iddien ze briechen, fir esou d’Chancëgläichheet ze fërderen.

Zil ass, datt d’Kanner léieren, hiert Geschlecht net als Hürd fir hir Zukunft ze gesinn. Si begéinen am Kader zum Beispill Fachleit, deenen hiert Geschlecht net der stereotyppescher Erwaardung entsprécht, fir datt si an der Klass kënnen doriwwer diskutéieren, wéi esou Erwaardungen iwwerhaapt entstinn an ob si se fir sech selwer richteg fannen.







    Du wëlls eppes änneren?

    D’Aarbechtsplaz ass dacks eng Plaz,
    wou Virurteeler an Diskriminatioun
    op verschiddenen Niveauen
    zum Ausdrock kommen:
    bei der Astellung, bei der Paie,
    bei der Grënn fir d’Promotioun asw.

    Du üübst e Beruff aus, deen allgemeng
    als ontyppesch fir däin Geschlecht empfonnt gëtt?

    Du wëllst en neit an innovatiivt Bild vun enger gläichberechtegter Aarbechtsplaz ausstralen?

     

    Maach mat,
    a gëff och du däin Temoignage of.
    Hëllef eis d’Stereotyppen
    op der Aarbecht
    ze éliminiéieren!