gräif an
d’Klischees-
Këscht!

Stereotyppen a Virurteeler sinn Deel vun eisem kulturelle Patrimoine.
Si gehéiere grad esou zu eiser Kultur an eisem Ëmgang mat anere Leit wéi Normen a Gewunnechten.
Domat definéiere si zum Deel och, wéi mir mat anere Leit ëmginn.

Kanns du erroden, wéi engem Grupp vu Leit dës Stereotyppen zougeschriwwe ginn, wou se hierkommen a wat un dëse Stereotyppen net stëmmt?

Respekt a Zen-Attitude
Kënne Fraen och schwéier hiewen?
Ze douce dir des Beruff?
Gëtt et just Dieteticiennen?
Fraleit a Juegd? Dat geet dach net!
D'Cabin Crew ass just do, fir Waasser auszedeelen.
Eng Fra ka keng Camionnette fueren!
En Zänndokter-Assistent? Éischter eng Assistentin!
A mengem Beruff gëtt et kee Klischee.
E Mann am Precoce? Dat sinn zwee Experimenter ze vill!
Eng Fra kann net dreckeg ginn.
Eng Fra ka keng Schrauwen fest unzéien!
Perkussioun ass näischt fir Fraen!
Eng Fra kann einfach net schwéier schaffen.
E Framënsch um Bau!? Dat geet dach net!
E Mann ass net esou no um Waasser gebaut!
Eng Fra ka weder en Auto nach e Fliger steieren.
Dënn a kleesper: eng Fra kann net um Bau mathalen.
Eng Fra an der Arméi? Komesch...
E Maquilleur ass just do, fir d'Leit schéin ze schminken!
Danzen ass näischt fir Jongen!

Ernährungsberoder

Wann en neie Patient urifft, fir e Rendez-vous ze huelen, sinn d‘Leit dachs ganz erstaunt, dass net eng Fra ophieft. Am Ufank fënnt ee sou eppes e bësse witzeg. Mat der Zäit geet dat engem dann awer e bëssen op d’Nerven. Et spillt nämlech guer keng Roll, fir d’Behandlung vum Patient, ob ech elo eng Fra oder e Mann sinn.

Leit mengen oft ech wär eng Fra, mee och e Mann kann Ernährungsberoder ginn.

Play the video
Start Quiz
image/svg+xml

Wënzerin

Wann ech mat der Camionnette vum Betrib fueren, da muss ech als Fra dacks beweisen, dass ech dat iwwerhaapt kann an et gëtt quasi vu mir verlaangt, dass ech eng Probefaart maachen. D’Männer mussen dat natierlech net beweisen.

Ech muss hinnen ëmmer beweisen dass ech eng Camionnette ka fueren, ech ka ganz gutt Auto fueren, och wann dat näischt mat mengem Beruff ze dinn huet.

Play the video
Start Quiz
image/svg+xml

Schoulmeeschter C1

Am Ufank vu menger Karriär hunn ech mech a menger Gemeng op e Posten an der éducation précoce gemellt.

Et war déi éischte Kéier, dass dëse Cycle an der Gemeng ugebuede gouf. Den deemolege Buergermeeschter sot, hie wéilt keng zwee Experimenter – de Precoce AN e Spillschouls-Schoulmeeschtermatenee maachen

Precoce AN e Mann am Precoce, dat sinn zwee Experimenter ze vill, mee wéi dir gesitt, sinn ech haut Spillschouls-Schoulmeeschter.

Play the video
Start Quiz
image/svg+xml